Panamericansaurus schroederi 48000 sn J KRr Vv cnYyGZz8lm daaagWThho
Panamericansaurus schroederi ass déi bis elo eenzeg bekannt Aart vun der Gattung Panamericansaurus , déi zu de sauropoden Dinosaurier aus der Grupp vun den Titanosauria gehéiert, déi an der Ieweschter Kräidzäit a Südamerika gelieft hunn. [1] Entdeckung [ änneren | Quelltext änneren ] Fossil Iwwerreschter vun der Aart goufen am Juni 2003 bei enger paleontologescher Campagne vun der Universidad Nacional del Comahue an der Allen-Formatioun (Campanium bis Maastrichtium) no bei der Stad San Patricio del Chañar an der argentinescher Provënz Neuquén (Patagonien) fonnt. Ufanks gouf gemengt, si géifen zu der Gattung Aeolosaurus gehéieren; dono gouf awer erkannt, datt eng nei Aart an eng nei Gattung ass. [1] Den Numm [ änneren | Quelltext änneren ] De Gattungsnumm Panamericansaurus bezitt sech op d' Firma Pan American Energy , déi d'Fuerschungen deemools finanziell ënnerstëtzt huet. Den Aartnumm soll d'Wënzerfamill Schroeder éieren, op där hirem Land d'Fossilie...